|
BVB Südtribünen-Meisterschaft Och wann mir leschten goufen-wichteg war dat mir Präsenz zu Dortmund gewisen hunn. Well een Fanclub sinn heescht eben bei villen offiziellen Aktiounen vum „richtegen“ Club dobäi ze sinn, nëmmen sou kréien mir eng Kontinuitéit am Développement vun eisen Relatiounen mam BVB. An ech mengen et muss een ganz kloer soen dat BVB.LU zu Dortmund zimlech bekannt ass, ob mir lo Fussball spillen kennen oder net dréit nix zur Saach bäi 0:7 Goler an 1 Punkt: BVB.LU ass an bleift Kreisklasse.
Meeschterschafts-Trip Géint Nürnberg war et endlech souwäit: den BVB ass neien däitschen Meeschter. Do war et kloer dat mir den leschten Spilldag net méi zidderen missten, ëmsou méi entspaant konnten mir op Dortmund fueren. Do war natierlech Party-Stëmmung pur ugesot, et ass een Patt op den BVB gedronk ginn, den Meisterrasen huet gelidden, d’ Stëmmung war um Iwwerkachen. Fir et an engem Wuert ze soen: et war einfach eng Mega-Party ugesot. Et huet een alt nees gesinn dat een sech an an mat eisem Fanclub exzellent ameséieren kann an dat mir un sech een Fanclub sin op den, och aus Borussia Dortmund Siicht, Verlooss ass, d’Fanvertrieder wonneren sech dax selwer wéi aktiv mir sinn. Mam leschten Spilldag an dem domat verbonnen Tripp hunn mir eis och en bëssen selwer gefeiert...we are the champions!
BVB.LU GENERALVERSAMMLUNG Eis Generalversammlung an den Raimlechkeeten vun TOMCAR war een vollen Erfolleg. Net nëmmen dat vill Memberen den Wee op den Rouscht fonnt haten, och den Fait dat mir iech endlech den Projet Camionnette virstellen konnten huet aus dësem Treffen een flotten an interessanten Owend gemaach bei dem vill gelaacht, een gudden Patt gedronk an den BVB.LU Transport entdeckt gouf. Nodeems eis GV am Dezember jo ënner aneren duerch d’Wieder an d’Wasser gefall war (oder am Schnéi stiechen blouf) war et och fir den Komitee flott ze gesinn dat den Interêt vun villen Memberen fir BVB.LU nach ëmmer grouss ass. Op eis nächst Treffen!
BVB.lu 2011 from Steve Klein on Vimeo.
|